Sea Shepherd start eng historesch Aktioun zum Schutz vu Bougainville an dem Amazonas vun de Mierer

D’Sea Shepherd Schëff Allankay ass a Buka, der provisorescher Haaptstad vun der autonomer Regioun Bougainville zu Papua-Neuguinea, ukomm fir d’Autoritéite bei der Bekämpfung vun illegaler, net gemellter an onreguléierter Fëscherei (IUU) duerch Patrullen um Mier ze ënnerstëtzten. Dëst leeft an Zesummenaarbecht mat der Police vu Bougainville an dem Ministère fir Primärindustrie a Mieresressourcen of.

Déi autonom Regioun Bougainville läit an den tropesche Gewässer vum Korallendräieck, engem globalen Epizentrum vun der mariner Aartevillfalt, dat oft als “Amazonas vun de Mierer” bezeechent gëtt. Dësen Numm kënnt dovun, dass hei iwwert ¾ vun alle bekannte Korallenaarten ze fanne sinn a Liewensraum, Narung a Laichplaz fir iwwer 3.000 Fëschaarten, 6/7 Mieresschildkrötenaarten, 950 Aarte vu Mollusken an 458 Aarte vu Kriibse gebuede gëtt.

Vill vun dësen Aarte sinn endemesch oder vum Ausstierwe bedrot. Si musse virun illegaler Fëscherei geschützt ginn. Ma, dës stellt och eng grouss Gefor fir d’Bevëlkerung vu Bougainville duer, well d’Subsistenz an artisanal Fëscherei sinn e wichtege Pilier vun der Wirtschaft.

D’Autoritéite vu Bougainville, déi d’befuugt si Fëscherschëffer, déi kriminell Handlunge begoen, ze betrieden, ze inspizéieren an ze beschlagnamen, ginn u Bord vun der Allankay stationéiert a patrulléiere gemeinsam mat der Crew vu Sea Shepherd am Mier vun der autonomer Regioun Bougainville, déi aus 2 Haaptinselen, mee och e puer Atolle besteet, dorënner och Plaze wéi Nissan, d’Carterets, den Takuu-Atoll, d’Nuguria-Inselen an d’Nukumanu-Inselen.

Déi ofgeleeën Inselen, op deenen e puer vun de isoléiertste melaneseschen a polynesesche Gemeinschafte vun der Welt liewen, sinn opgrond vum Klimawandel bedéngte Klamme vum Mieresspigel international als “versénkend Insele” bekannt.

Bei senger Arrivée a Buka gouf d’Allankay vum President vu Bougainville, dem Ishmael Toroama begréißt. Hien huet erklärt, dass Sea Shepherd Global d’Natioun an enger kritescher Phas ënnerstëtzt an d’Arrivée vun der Allankay als e wichtege Moment bezeechent. Hie seet Sea Shepherd Global Merci fir d’Anhale vun hirer Zouso, ee Schëff zur Ënnerstëtzung vun de Patrullen ze schécken an huet erkläert, dass Dote méi soe wéi Wierder.

Am Joer 2019 huet d’Bevëlkerung vu Bougainville an engem nationale Referendum mat enger grousser Majoritéit fir d’Onofhängegkeet vu Papua-Neuguinea gestëmmt. D’Resultater mussen aktuell nach vum Parlament Papua-Neuguinea ratifizéiert ginn. Bis dohi verwalt déi autonom Regierung vu Bougainville déi meescht vun hire banneschten Affäre selwer a verfüügt iwwert eege Police Autoritéiten an de Küstegewässer, woubäi hir maritim Hoheitsgewalt no der Onofhängegkeet nach erweidert gëtt.

D’Arrivée vun der Allankay a Buka fält mam Ofschloss vun de 4. Konsultatiounsgespréicher tëscht der Regierung Papua-Nueguinea an der autonomer Regierung vu Bougainville zesummen, déi vum fréieren neiséilännesche Generalgouerneur Sir Jerry Mateparae moderéiert ginn. Zil vun de Gespréicher ass et, Streidereien iwwer parlamentaresch Prozedure bäizeleeën, déi d’Verhandlung iwwert déi politesch Zukunft vu Bougainville blockéiert hunn.

Den honorabelen Ishmael Toroama huet den 1. September 2027 zum Onofhängegkeetsdag vu Bougainville erkläert: “Bougainville huet däischter Zäiten hannert sech, mee haut sinn d’Schicksal an d’Zukunft vu Bougainville um Strahlen. Dës ass ee Meilesteen un deem ech gesinn, dass d’Police vu Bougainville international Ausbildunge kritt, well an noer Zukunft wäert Bougainville een onofhängege, souveräne Staat ginn. Trotz den Erausfuerderunge stinn ech standhaft.”

A senger Ried sot de Peter Hammarstedt, Director of Campaigns vu Sea Shepherd Global: “Als Ëmweltschützer gleewe mir drun, proaktiv amplaz reaktiv ze handelen, fir déi autonom Regierung vu Bougainville bei der Bewältegung vun den Erausfuerderungen zum Schutz vum Korallendräieck ze ënnerstëtzen, engem vun de schéinsten a wichtegsten Mieresekosystemer vun der Welt. D’Zäit, fir d’Vollek vu Bougainville ze ënnerstëtzen, ass also net muer. Et ass net an 2 Joer. D’Zäit fir ze handelen ass haut.”


Sea Shepherd Commences Historic Effort to Protect Bougainville and the Amazon of the Seas

The Sea Shepherd vessel Allankay has arrived in Buka, interim capital of the Autonomous Region of Bougainville, a self-governing region in Papua New Guinea, to support law enforcement efforts to combat illegal, unreported and unregulated (IUU) fishing through at-sea patrols in partnership with the Bougainville Police Service and the Department of Primary Industries and Marine Resources.

The Autonomous Region of Bougainville is located in the tropical waters of the Coral Triangle, a global epicenter of marine biodiversity often referred to as the “Amazon of the Seas” because it hosts over three-quarters of known coral species, providing food, habitat and spawning grounds for over 3,000 species of fish, six of seven species of sea turtles, 950 different types of mollusks and 458 species of crustaceans.

Many of those species are endemic or endangered and they need to be protected from illegal fishing, a practice that also poses a major threat to the people of Bougainville since subsistence and artisanal fishing are a pillar of the economy.

Bougainvillean law enforcement agents—with the authority to board, inspect and arrest fishing vessels engaged in criminal activity—will be stationed on board Allankay, working alongside Sea Shepherd crew to patrol the internal waters of the Autonomous Region of Bougainville which consists of two main islands, but also several atolls including remote places like Nissan, the Carterets, the Takuu Atoll, the Nuguria Islands and the Nukumanu Islands.

Home to some of the most remote Melanesian and Polynesian communities in the world, the remote islands are internationally known as “the sinking islands” due to rising sea levels from climate change.

On arrival in Buka, Allankay was welcomed by the H.E. Honorable Ishmael Toroama, President of the Autonomous Bougainville Government, who stated that Sea Shepherd Global is supporting the nation during a critical time in the region’s history and noted the arrival of Allankay as “a milestone”, stating that “actions speak louder than words” when thanking Sea Shepherd Global for delivering on a commitment to send a ship to support patrolling efforts.

In 2019, the people of Bougainville voted overwhelmingly for independence from Papua New Guinea through a national referendum, the results of which currently await ratification by the parliament of Papua New Guinea. Until then—unlike the provinces of the rest of the archipelagic country of Papua New Guinea—the Autonomous Bougainville Government manages most of its own internal affairs and has its own policing authority within coastal waters, although its maritime jurisdiction will increase substantially upon independence.