Dem David Attenborough säin neiste Film weist Opname vun eise Fronten
Um Virowend vum 99. Gebuertsdag vum Sir David Attenborough huet de Film « Ocean with David Attenborough” zu London seng Première gefeiert. De Message dohannert ass, dass d’Ozeaner vun der Äerd de wichtegste Schutzberäich vun eisem Planéit sinn. Fir de legendären Naturfuerscher ass et “de wichtegste Message, deen hie jeemools vermëttelt huet”.
De Kinnek Charles III. huet den Sir David Attenborough fir d’Première op de bloen Teppech an der Royal Festival Hall zu London begleet, wou “Ocean” als spektakuläre Film eng éischte Kéier gewise gouf.
De Kapitän Peter Hammarstedt, deen un dësem Owend och mat dobäi war sot “Den Attanborough hält bei “Ocean” näischt verbuergen. D’Opname vun de Schiet déi duerch d’Grundschleppnetzer verursaacht ginn si genau esou androcksvoll a schockéierend, wéi dem Attenborough säin Opruff zum Wandel inspiréiert. Sea Shepherd Global ass stolz drop, e puer vun den talentéiertsten Naturfilmer vun der Welt un d’Front vun der Mieresschutzbeweegung bruecht ze hunn – fir dass si gesi kënnen, wat eis Crew all Dag erlieft.”
Vill Zeenen vum Dokumentarfilm goufe vu Silverback Films u Bord vun eise Schëffer “Age of Union” an “Allankay” wärend de Campagne vu Sea Shepherd Global an der Antarktis an a Westafrika gedréit. An de leschten zwee Joer hunn hir Ekippen eis um Mier begleet, fir wichteg Momenter ze dokumentéieren. Si hunn dobäi déi desastréis Krillfëscherei am Südpolarmier opgedeckt an industriell Trawler konfrontéiert, déi déi kleng artisanal Fëschergemengen un der liberianescher Küst bedreeën.
An engem Ofschnëtt vum Film huet d’Crew u Bord vun der “Allankay” déi ugespaant Konfrontatioun tëscht Krill-Supertrawler an hongrege Wale gefilmt. Krill – e butzegt Krustendéier, dat Walen, Robben a Pinguinen als Narung déngt – gëtt aktuell trotz verfügbar planzlechen Alternativen aggressiv fir d’Hierstellung vun Omega-3-Präparater gefëscht. Wären den Attenborough déi schockéierend Opname vu risegen Trawler kommentéiert huet, déi duerch Megapod-Gruppe vu friessende Wale gezu sinn, warnt hien “Déi eng wäerte soen, dass dat hei nohalteg ass, mee si zerstéieren domat d’Grondlag vum gesamten Ekosystem.”
De Film “Ocean” erzielt och d’Geschicht vu lokalen artisanale Fëscher a Liberia, Westafrika, deenen hir Liewensgrondlag zerstéiert gëtt, well grouss Fëscherbooter d’Gewässer, déi eigentlech fir déi kleng Fëscherei reservéiert ass, op illegal Aart a Weis eidel fëschen. Zu de klenge lokale Fëscher gehéiert den James Logan vun der Liberia Artisanal Fishermen Association, deen u Bord vun der “Age of Union” geschafft huet an am Film weist, wéi hien säin Netz an e Kanu ranhëlt, wärend am Hannergrond en industriellen Trawler opdaucht. Dëst ass en däitlecht Symbol fir d’Ongläichgewiicht um Mier.
Zanter 2017 féiert Sea Shepherd mat der liberianescher Küstewuecht Patrullen um Mier duerch. Dës Moossnamen hunn zur Festsetzung vu 25 Schëffer wéinst illegaler, net gemellter an onreguléierter Fëscherei (IUU Fëscherei) gefouert.
“Ocean” leeft zanter dem 8. Mee weltwäit an de Kinoen, an dat och zu Lëtzebuerg! Am Juni wäert de Film dann och op National Geographic, Disney+ an Hulu ze gesi sinn. Wann dëse Film iech interesséiert, kéint och dem Attenborough seng Serie “A Perfect Planet” (2021), deen eis Aarbecht zum Schutz vun de Mierer am Gabon weist, eppes fir iech sinn.