Generalversammlung

👉 Bei eiser Generalversammlung gëschter zu Ohn gouf e Réckbléck op d’Aktivitéite vum leschte Joer geworf. Sea Shepherd huet dobäi eng Rei Clean-Ups organiséiert ♻️, Verkafs- an Informatiounsstänn gehat 👕a Schüler an de Schoule sensibiliséiert.🗣️
Merci un den Alex Cornelissen, CEO vu Sea Shepherd Global, deen op d’Plaz komm ass an d’Volunteers, Invitéen an Interesséierter iwwert déi international Campagnen informéiert huet.
Mat dobäi waren och d‘Schülerinne vun der Minientreprise Cea Sweet 🍬, déi mam Gewënn vun hirem Projet Sea Shepherd Lëtzebuerg ënnerstëtzt hunn. An dësem Kader kruten si als Merci ee Cadeau iwwerreecht. 🎁
📌 Och dëst Joer wäerten nees zuelräich Aktivitéiten ustoen, déi mir hei mat iech deele wäerten.
Merci un d‘Tilly Metz, Deputéiert am Europaparlament, fir d‘Ënnerstëtzung. Merci un all Volunteers an interesséierte Persounen, déi op d‘AG komm sinn! 🐳

General Assembly

👉 At our general assembly, we gave a review of the activities of the last year. Sea Shepherd has closely organised clean-ups ♻️, held sales and information stands 👕a sensitised students at the school.🗣️
Thank you to Alex Cornelissen, CEO of Sea Shepherd Global, who came to the square to inform volunteers, invitees and interested parties about the international campaigns.
Among them were also the students from the Cea Sweet 🍬 mini-company, who were supported by the Sea Shepherd Lëtzebuerg project. You will receive a cadeau as a thank you from the squad. 🎁
📌 The rest of the team also enjoyed new activities, which I would like to share with you.
Thank you and Tilly Metz, Deputy at the European Parliament, for your support. Thank you to all volunteers and interested people who came to the General Assembly! 🐳