D’Fal huet zougeschnaapt : D’Küstewuecht, ënnerstëtzt vu Sea Shepherd, verhaften zwee Schëffer a Liberia
No méi wéi engem Mount un intensiver Planung huet d’Sea-Shepherd Schëff Age of Union a seng Crew der liberianescher Küstewuecht gehollef, den illegale Fëschtrawler Guo Ji 828 an d’Gavin – en ehemolegt Fëscherschëff, dat zum Tankschëff ëmgebaut gouf – ze verhaften. Déi zwee Schëffer waren deen Moment grad méi ewéi 49 Séimeile vu Monrovia, der Haaptstad vum westafrikanesche Land Liberia, ugeluecht. Am Schutz vun der Donkelheet huet sech déi liberianesch Küstewuecht mat klenge Booter, déi heemlech vun der Age of Union an d’Waasser gelooss goufen, u béid Schëffer ugeschlach, wärend d’Guo Ji 828 vum anere Schëff betankt gouf.
« Wou déi liberianesch Küstewuecht gesinn huet, datt den Tankschlauch tëscht béide Schëffer verleeft, hu mir eis blo Luucht ugemaach an der Küstewuecht gehollef, schnell u Bord vu béide Schëffer ze klotere fir se ze ertappen », sou de Baptiste Brebel, Kapitän vun der Age of Union.
Wochelaang Ermëttlungen hunn erausgestallt, datt eng Flotte vu sechs industriellen Trawler, déi reegelméisseg un der liberianescher Küst fëscht, sech ëmmer erëm mam Tanker um Mier trëfft fir ze bunkeren (tanken), obwuel dat gesetzlech verbueden ass. Déi liberianesch Küstewuecht a Sea Shepherd konnte schliisslech d’Ëmgéigend agrenzen an ufänken et ze iwwerwaachen.
Duerch d’Auswierkungen op d’Fëscherei, déi wirtschaftlech Entwécklung vun de Küstestaaten an d’Mieresëmwelt, ass de sougenannten Transshipment um Mier streng gereegelt. A Liberia ass dës Handlung ouni Autorisatioun souguer verbueden.
Duerch d’Betanken um Mier an ausserhalb vun der Siichtwäit vun de staatlechen Autoritéite kënnen d’Fëscherbooter hir Fangzäit maximiséieren, well si net méi Zäit fir de Retour bei den Hafe fir ze tanke brauchen. D’Fëscherentreprisen kënnen da Steieren hannerzéien an hir Gewënner steigeren, wärend den Autoritéiten an Entwécklungslänner wichteg Recettë feelen.
Potentiell Uelegverschmotzung bleift vun den Autoritéiten u Land éischt onentdeckt, an d’Moyene fir op Verschmotzung ze reagéieren, si staark ageschränkt.
U Bord vun der Guo Ji 828 huet de Kapitän vum Trawler de Beamte vun der Küstewuecht seng liberianesch Industriefëschereilizenz virgeluecht, op där de Beräich fir « Bunkeren um Mier » mat « Nee » ugekräizt war.
Wärenddeem konnt de Kapitän vun der Gavin kee valabele Schëffssécherheetscertificat virleeën, obwuel en a liberianesche Gewässer Dreifstoff op aner Schëffer ëmgelueden huet. Dobäi kënnt, datt d’Gavin net fir de sécheren Transport vun Dreifstoff ausgeluecht war. Dëse gouf nämlech am Raum, wou d’Fësch geluede ginn transportéiert, sou wéi an 61 IBC-Bacen mat engem Faassungsverméige vu je 1.000 Liter, déi absolut net dofir ausgeluecht sinn an eng immens Brandgefor duerstellen.
« Dëst Schëff war en Accident, dee just drop gewaart huet ze geschéien – de maritimmen Equivalent zu enger illegaler Faart duerch d’Land an engem schlecht belëfte Camion, deen d’Inspektioun net bestanen huet, dee mat Plastikbidonen mat Diesel belueden ass, deen e mat engem Triichter an engem Siphonschlauch an Autoen ëmfëllt, déi a sensibelen Ëmweltberäicher geparkt sinn » erkläert de Kapitän Baptiste Brebel.
Weder d’Guo Hi 828, nach d’Gavin haten den Equipement fir eng Uelegverschmotzung u Bord ze verhënneren. Béid Schëffer goufen ënner Arrest gestallt a bei den Hafe vu Monrovia eskortéiert, wou se weiderhi festgehale ginn.
Zanter 2017 schafft Sea Shepherd Global mat der liberianescher Küstewuecht zesummen, fir illegal, net gemellt an onreguléiert Fëscherei (IUU) duerch gemeinsam Patrullen um Mier, ënnert der Leedung vun der liberianescher Verdeedegungsministesch, Brigadegeneral a.D. Geraldine Janet George, ze bekämpfen. Am Kader vun der Operatioun Sola Stella konnte bis haut 24 Schëffer wéinst illegaler Fëscherei an anere Strofdote festgeholl ginn.
Den 11. Februar 2019 gouf Sea Shepherd Global als Unerkennung fir de Succès vun der Operation Sola Stella vum ehemolege liberianesche President Dr. George Manneh Weah mam Distinguished Service Order (DSO) ausgezeechent. Den DSO ass déi héchst militäresch Auszeechnung, déi vum Ministère fir National Verdeedegung an dem Militär vu Liberia vergi gëtt, fir aussergewéinlech Déngschter fir d’Republik Liberia ze wierdegen.