🇱🇺 🇱🇺 🇱🇺 🇱🇺
Clean-Up Aktioun mat Natur & Ëmwelt Wormer
De 7. März 2026 huet Sea Shepherd Lëtzebuerg mat 6 Fräiwëlleger um Clean-Up, organiséiert vun Natur & Ëmwelt Wormer, deelgeholl. Dobäi hu mir zesummen d’Weeër an d’Strooss tëscht Hëttermillen an Wormer gebotzt.
Dobäi hu mir och eppes Ongewéinleches am Waasser bei Éinen fonnt: sougenannt „Ghost Fishing Gear“, also zeréck geloossent Fëscher-Equipement, dat mir aus dem Waasser erausgeholl hunn. Et handelt sech warscheinlech ëm eng Fësch- oder Aal-Faal (eng Zort „Fyke“-Netz), dat verluer gaangen oder do gelooss gouf. Dëst Netz besteet aus engem laange Röhre-Maschennetz mat bannenzege Réng, déi Trichterform Entréeën bilden. Fësch kënne ganz einfach eran schwammen, fannen awer meeschtens net méi eraus. D’Enn vum Netz ass zougemaach, sou datt d’Déieren dobannen hänke bleiwen.
Sou Fallen ginn dacks benotzt fir:
- Aalen
- Kriibsen
- kleng Fësch
Wann esou Netzer awer verluer ginn oder zeréck gelooss ginn, schwätzt een vun “Ghost Fishing Gear”. Dat bedeit, datt sech nach laang weider Déieren dra verfänken kënnen, wéi z. B. Fësch, Aalen, Kriibsen, an heiansdo souguer kleng Mamendéieren oder Villercher.
Zu Lëtzebuerg mussen esou Fëscherfallen normalerweis:
- engem lizenzéierte Fëscher gehéieren
- markéiert sinn
- reegelméisseg kontrolléiert ginn.
Net markéiert Material wéi dat, wat mir fonnt hunn, ass dacks verluerent Equipement, illegal Fëscher-Equipement oder alt Material, dat mam Waasser erofgedriwwe gouf. Eng interessant Info: den europäeschen Aal (Anguilla anguilla) ass staark bedreet, an d’Fänke vun dëser Aart gëtt dofir streng kontrolléiert.
Villmools Merci un all déi Fräiwëlleger, déi haut matgemaach hunn an gehollef hunn eis Natur an eis Flëss propper ze halen.
🇬🇧 🇬🇧 🇬🇧 🇬🇧
Clean-Up Action with Natur & Emwelt Wormer
On 7 March 2026, Sea Shepherd Luxembourg took part in the clean-up organised by Natur & Ëmwelt Wormer with six volunteers. Together we cleaned the paths and roadside between Hëttermillen and Wormer.
During the clean-up we also discovered something unusual in the water near Ehnen: ghost fishing gear, which we were able to retrieve from the river. The object appears to be a fish or eel trap (similar to a fyke net) that was likely abandoned or lost. These traps are designed as long mesh tubes with internal rings that create funnel-shaped entrances. Fish can swim inside but have difficulty finding their way back out, and the closed end keeps the catch inside.
Such traps are commonly used to catch:
- Eels
- Crayfish
- Small fish
However, when they are lost or abandoned, they become “ghost fishing gear.” This means they continue trapping animals indefinitely — including fish, eels, crayfish, and sometimes even small mammals or birds. In Luxembourg, fishing traps in rivers like the Moselle must normally:
- belong to a licensed fisher
- be clearly marked with identification
- be checked regularly
Unmarked traps like the one we found are often lost equipment, illegal fishing gear, or old gear washed downstream. A small but important reminder: the European eel (Anguilla anguilla) is critically endangered, and trapping them is strictly regulated. Every clean-up helps protect wildlife and keeps our rivers and landscapes healthy.
A big thank you to all volunteers who joined today!





